Fann de Beräich, deen am beschten zu dengem Kand passt.

Egal ob däi Kand Geschichten nach virun allem lauschtert an entdeckt, éischt Wierder liest oder scho selbstänneg a Bicher andaucht, hei fënns du Geschichten, Spiller a Material passend zu sengem Liesniveau.

Fir déi Allerklengst

Geschichten lauschteren, kucken an zesummen entdecken.

  • spilleresch Sprooch an éischt Wierder entdecken
  • zesummen erzielen, spillen a selwer aktiv ginn
  • Geschichte mat de Mini-NUMIS erliewen

Liesufänger

Buschtawen, Silben an éischt Wierder Schrëtt fir Schrëtt entdecken.

  • Buschtawen a Lauter spilleresch kenneléieren
  • Silbe verbannen an éischt Wierder liesen
  • mat Geschichten, Spiller a Rätselen d'Freed um Liesen entwéckelen

Jonk Lieser

Méi sécher a flësseg liesen a Geschichten ëmmer besser verstoen.

  • méi laang Sätz an Texter sécher liesen
  • Schrëtt fir Schrëtt méi flësseg liesen
  • Geschichte verstoen an Zesummenhäng entdecken

Spaass um Bicherliesen

Selbstänneg liesen, a Geschichten andauchen an Neies entdecken.

  • méi laang an ofwiesslungsräich Texter selbstänneg liesen
  • Geschichte verstoen an eegen Entdeckunge maachen
  • mat Rätselen, Spiller a spannende Geschichten d'Freed um Liese stäerken

🌍 Méisproochegkeet gehéiert zu eisem Alldag

Vill Kanner zu Lëtzebuerg wuesse mat méi Sproochen op – doheem, an der Schoul an an hirem Alldag. Dës sproochlech Villfalt fënnt een och an eise Materialien erëm.

Vill vun eise Materialie sinn a verschiddene Sproochen disponibel, eis Billerbicher esouguer a bis zu fënnef Sproochen.

Esou kanns du Geschichten a Material an där Sprooch auswielen, déi bei däi Kand an är Familljesituatioun passt.

Du bass dir net sécher, wat bei däi Kand passt?

All Kand liest a léiert anescht. Du weess net genee, wéi ee Liesniveau, wéi ee Material oder wéi een nächste Schrëtt fir däi Kand dee richtegen ass?

An engem gratis Gespréich vun 30 Minutten kucke mir zesummen, wou däi Kand grad steet a wat et beim Liese kann ënnerstëtzen.