AGK

Numis SARL-S ass eng Lëtzebuerger vereinfacht Gesellschaft mat beschränkter Haftung, déi hire Sëtz 7, Am Bongert, L-7453 Lintgen huet (Groussherzogtum Lëtzebuerg), E-Mail: team@numulis.lu , an am Lëtzebuerger Handelsregister ënnert der Nummer B271091 registréiert ass. (am Text "Numis SARL-S"). Fir méi Informatioune, kuckt w.e.g. op www.numulis.lu  der Internetsäit vun Numis SARL-S.

Dës allgemeng Verkaafskonditiounen (nodréiglech AGK) gëllen fir all Bestellunge vu Clienten an Entrepreneuren (zesummen: Clienten) bei Numis SARL-S iwwer d'Websäit www.numulis.lu . (am Text "Site" oder "numulis.lu").

 § 1 Uwendungsberäich

  • Dës allgemeng Verkafskonditiounen (AVK) regelen déi juristesch Relatiounen tëscht Numis SARL-S a senge Clienten am Bezuch op de Verkaf vun den digitalen a physesche Produkter, d'Verschécken an d'Liwwerung vun de Wueren, déi iwwer de Site vun Numis SARL-S numulis.lu verkaaf ginn.
  • De Client ass all natierlech Persoun, déi eng juristesch Transaktioun ofschléisst fir Zwecker, déi haaptsächlech net op seng kommerziell Aktivitéit oder op seng onofhängeg berufflech Aktivitéit zougeschriwwe kënne ginn. Entrepreneur ass all natierlech Persoun, juristesch Entitéit oder Partnerschaft mat legaler Kapazitéit, déi beim Ofschloss vun enger juristescher Transaktioun an der Ausübung vu hirer onofhängeger professionneller oder kommerzieller Aktivitéit handelt.
  • Wann net anescht schrëftlech ausgemaach, gëllen nëmmen dës allgemeng Konditiounen. Bestëmmunge vum Client géint oder ofwäichend vun dësen allgemenge Verkafskonditiounen ginn net unerkannt an hir Notzung gëtt ausdrécklech verworf.

 

§ 2 Aschreiwung fir e Clientskonto

  • De Client ka sech fir e Clientskonto op numulis.lu aschreiwen. Dofir ass erfuederlech, datt hien sech mat de perséinlechen Donnéeën, déi do gefrot sinn, registréiert an datt hien sech mat dësen allgemenge Geschäftskonditiounen averstan erklärt. Nëmme Persoune mat onlimitéierter legaler Kapazitéit dierfen sech umellen. Et gëtt keng Aschreiwungskäschte. Bei der Aschreiwung wielt de Client eng perséinlech E-Mail an e Passwuert. D'Passwuert muss vum Client geheim gehale ginn an däerf net un Drëtter matgedeelt ginn.
  • D’Aschreiwung ass gratis fir de Client. De Clientskonto existéiert soulaang de Client en net zougemaach huet, wat zu all Moment per E-Mail op team@numulis.lu  méiglech ass. Ännerungen am Zesummenhang mat sengen Informatiounen, déi am Kont opgeholl goufen, kënnen online iwwer d'Aschreiwungsformulare um Site geännert ginn.
  • E Clientskonto ass net erfuerderlech fir Wueren ze bestellen. Et ass och méiglech eng Bestellung als Gaascht ze maachen.

 

§ 3 Presentatioun vu Wueren, Bestellungen an Ofschloss vum Kontrakt

  • Inhalt vum Kontrakt ass de Verkaf vu Wueren. Op numulis.lu sinn déi verkaafte Produkter souwuel digital wéi physesch ze kréien. Detailer dozou stinn an der Beschreiwung vun de jeeweilege Produkter.
  • Soubal de Produkt um Site gepost gëtt, kritt de Client eng verbindlech Offer fir e Kontrakt ofzeschléissen, ënner de Bedéngungen wéi et an der Artikelbeschreiwung uginn ass.
  • Kontrakter fir d'Liwwerung vu Wueren tëscht dem Client an Numis SARL-S ginn ofgeschloss enger Säits duerch d'Bestellung vum Client via Formulären op dem Site an anerer Säits duerch déi spéider Akzeptanz vun Numis SARL-S. De Client gëtt schrëftlech iwwer den Ofschloss vum Kontrakt informéiert. D’Akzeptanz gëtt duerch eng Bestellbestätegung per E-Mail vun Numis SARL-S op d'E-Mailadress gemaach, déi vum Client bei senger Aschreiwung uginn gouf.
  • De Kontrakt gëtt duerch den Online Akaafsweenchen ofgeschloss wéi follegt:
  • D'Wueren déi de Client wëllt kafen ginn an " Däin Akafsweenchen" geluecht. Den entspriechende Knäppchen an der Navigatiounsbar erlaabt et op "Däin Akafsweenchen" ze kommen an do zu all Moment Ännerungen ze maachen. Nodeems d'Säit "Auschecken" opgeruff gouf a perséinlech Donnéeën souwéi Bezuel- a Versandbedéngungen agi sinn, ginn all Bestellungsdaten op der Bestellungsiwwerbléck-Säit ugewisen. Wann en direkten Bezuelsystem (zB PayPal/PayPal Express/ApplePay) als Bezuelmethod benotzt gëtt, gëtt de Client entweder op d'Bestellungsiwwerbléck-Säit um Site ëmgeleet oder als éischt op d'Websäit vum Ubidder vum Direktbezuelungssystem ëmgeleet.
  • Wann de Client an de jeweilegen direkte Bezuelsystem ëmgeleet gëtt, mécht hien déi entspriechend Auswiel oder gëtt seng Donnéeën do an. Wann do alles ofgeschloss ass gëtt de Client erëm op de Site op d’Bestellungssäit zréckgeleet..
  • Ier d'Bestellung ofgeschéckt gëtt, hutt de Client d'Méiglechkeet all Donnéeën nach eng Kéier ze kontrolléieren, se z'änneren (och iwwer d'"Back" Funktioun vum Internetbrowser) oder de Kaf ze annuléieren.
  • Andeems d'Bestellung iwwer de "Kafen" Knäppchen ofgeschéckt gëtt, erklärt de Client seng gesetzlech bindend Akzeptanz vun der Offer, wat zum Ofschloss vum Kontrakt féiert. Doduerch akzeptéiert hien och automatesch d’AGK an erklärt sech averstanen mat den Dateschutzbedéngungen vun Numis SARL-S.
  • D'Veraarbechtung vun der Bestellung an d'Iwwerdroung vun all Informatioun, déi néideg ass fir d'Konklusioun vum Kontrakt, fënnt per E-Mail statt, deelweis automatiséiert. De Client sollt dofir suergen, datt d'E-Mailadress, déi hie bei eis ugemellt hutt, richteg ass, datt den Empfang vun E-Mailen technesch garantéiert ass a net duerch SPAM-Filtere verhënnert gëtt.
  • D'Presentatioun vu Wueren um Site bilde keng bindend Offer vun Numis SARL-S vis à vis vum Client bei der Liwwerung vun de Wueren.

 

§ 4 Liwwerkonditiounen

  • D'Liwwerkonditiounen, d'Liwwerzäit wéi och d'Liwwerbeschränkungen kënnen ënner engem entspriechende Knäppchen um Site oder an der entspriechender Offer fonnt ginn.
  • Digital Produkter sinn fir de Client direkt verfügbar, iwwer en eemolegen Downloadlink, deen him automatesch per E-Mail geschéckt gëtt. Am Fall wou des E-Mail net ukënnt oder et Schwieregkeete beim Download gëtt, kann de Client zu all Moment Kontakt via E-Mail mat Numis SARL-S ophuelen.
  • Fir déi physesch Produkter gëlle folgend Regelen: Wann net ausdrécklech anescht mam Client ausgemaach, sinn all Liwwerungen op Käschten an op Risiko vum Client, egal ob d'Sendung assuréiert ass oder net. De Risiko gëtt un de Client weiderginn zu deem Zäitpunkt, wou d’Liwwerung vun de Wueren un d'Transportfirma, déi vun Numis SARL-S beoptraacht ass, iwwergeet. D'Versandkäschte kënnen op der Websäit zesumme mat de Präisser vun de jeeweilege Wueren gekuckt ginn a gi separat vun Numis SARLS-S op der Rechnung fir d’Liwwerung uginn.
  • D'Liwwerzäiten, déi vun Numis SARL-S um Site ugi sinn, sinn net verbindlech, ausser et ass ausdrécklech anescht ofgemaach. Wann d'Wuer op Lager ass, gëtt d'Verschécken normalerweis bannent 3 bis 5 Aarbechtsdeeg ofgewéckelt. Wann d'Wueren net op Lager sinn, kann d'Verschécken tëscht 4 an 8 Wochen daueren, well Numis SARL-S d'Majoritéit vun hire Wueren an Ateliers protégés hirstelle léisst.
  • D'Anhale vun de Liwwerfristen setzt de rechtzäitegen Empfang vun allen Informatiounen, déi vum Client geliwwert ginn, souwéi d'Konformitéit mat den ausgemaache Bezuelungsbedéngungen an aner Verpflichtungen vum Client viraus. Wann dës Konditiounen net erfëllt sinn, gëtt d'Liwwerzäit entspriechend verlängert, ouni Nodeeler fir déi aner Rechter vun Numis SARL-S. De Client ass verflicht déi ausgemaach Liwwerzäiten ze respektéieren.

 §5 Präisser a Bezuelbedéngungen

  • D'Präisser fir d'Liwwerung vu Wueren, déi um Site ugewise ginn, sinn definitiv Präisser inklusiv TVA.
  • D'Käschte fir d'Sueniwwerweisung (Bankiwwerweisung- oder Wiesselkäschten) dréit de Client a Fäll wou d'Liwwerung an en EU-Memberstaat gemaach gëtt, awer d'Bezuelung ausserhalb vun der Europäescher Unioun gemaach gouf.
  • D'Bezuelméiglechkeeten, déi de Client zur Verfügung hutt, ginn ënnert engem entspriechend designéierte Knäppchen op numulis.lu oder an der jeeweileger Offer ugewisen.
  • Wann net anescht uginn, muss all Kontrakt direkt bezuelt ginn.

 § Réserve de propiété

  • D'Wueren, déi dem Client vun Numis SARL-S geliwwert ginn, bleiwen am Besëtz vun Numis SARL-S bis de Client all Fuerderungen, déi aus dem Verkaf vun de Wueren vun Numis SARL-S entstane sinn agehal huet.

 § 7 Uspréch bei Mängel

  • Numis SARL-S garantéiert net d'Qualitéit vun de Wueren déi se dem Client geliwwert hunn. Besonnesch d'Produkt- oder d'Wuerbeschreiwungen, déi op der Websäit reproduzéiert sinn, hunn net de Charakter vun enger Garantie.
  • Als Konsument ass de Client opgefuerdert direkt bei der Liwwerung z'iwwerpréiwen ob d'Liwwerung komplett ass, ob se siichtbar Mängel huet an ob se beim Transport beschiedegt gouf an Numis SARL-S sou wéi d’ Transportunternehmen sou séier wéi méiglech iwwer all Plainte z'informéieren. Wann de Client dat net mécht, huet et keen Effekt op seng gesetzlech Garantierechter.
  • Am Fall vu Mängel sinn d'Rechter vum Client op spéider Leeschtung, Reduktioun an Enn vum Kontrakt vun de gesetzleche Bestëmmunge gereegelt. Schuedenersaz kann nëmmen ënner de Konditioune vum § 8 hei drënner gefuerdert ginn.

 § 8 Limitatioun vun Haftung

  • Betreffend d'Bestëmmunge vum Artikel 8, Abschnitter 2 an 3 ënnendrënner, sinn d'Rechter vum Client op Schuedenersaz, onofhängeg vun de gesetzleche Grënn, souwéi seng Rechter op Remboursement vun onnéidege Ausgaben (a) limitéiert, op de Wäert vun de geliwwert Wueren um Urspronk vum Schued, zu engem Betrag dee gläich ass mat dem ausgemaachte Präis fir dës Wueren an (b) ausgeschloss fir de Rescht.
  • D'Begrenzung vun der Haftung no § 8 Paragraph 1 gëllt net wann d'Ursaach vum Schued duerch Noléissegkeet oder duerch e Verstouss géint Anhale vu wesentleche kontraktuelle Verpflichtungen ass. Am Fall vun engem Verstouss géint wesentlech kontraktuell Verpflichtungen ass d'Haftung awer limitéiert op de viraussiichtleche Schued.
  • D'Begrenzung vun der Haftung no Art 8 Paragraph 1 gëllt och net fir Schued den aus der Verletzung vum Liewen, Kierper oder Gesondheet entstan ass, bei enger Haftung dem Gesetz iwwer Produkthaftung no oder souwäit Numis SARL-S en Defekt betrügeresch verstoppt huet oder ausnamsweis eng Garantie iwwerholl huet.

§ 9 Réckzuchsrecht

  • De Client hutt d'Recht sech ouni Grënn bannent véierzéng Deeg aus dem Kontrakt zeréck ze zéien.
  • D'Réckzuchsrecht ass véierzéng Deeg gülteg, vun deem Datum un op deem de Client oder eng vun him designéierten Drëtt Partei, deen net den Transporteur ass, d’ Wueren a Besëtz geholl huet.
  • Fir d’Réckzuchsrecht auszeüben, musst de Client Numis SARL-S kontaktéieren (Numis SARL-S 7,Am Bongert, L-7453 Lintgen Luxembourg, E-Mail team@numulis-lu) mat enger kloerer Erklärung (z.B. e Bréif per Post oder E-Mail) vun der Decisioun. Fir dass d’Réckzuchsrecht gülteg ass, ass et néidesch datt de Client seng Entscheedung matdeelt, ier d’Frist vu véierzéng Deeg ofgelaf ass.
  • D’ Retour-Versandkäschten ginn integral vum Client gedroen.
  • Am Fall vun engem Réckzuch muss Numis SARL-S dem Client all Bezuelungen rembourséieren, déi an Zesummenhang mat dem betraffene Kaf stinn, inklusiv Liwwerkäschten, ouni Verspéidung a spéitstens bannent 14 Deeg vum Dag op deem d'Kommunikatioun vum Réckzuch un Numis SARL-S geschéckt gouf.
  • Fir de Remboursement benotzt Numis SARL-S déi selwecht Bezuelmëttel, wéi déi, déi vum Client fir déi initial Transaktioun benotzt gouf, ausser et ass ausdrécklech anescht ausgemaach. Ënner kengen Ëmstänn wäert de Client wéinst dem Retour Käschte verrechent kréien.
  • Numis SARL-S kann de Remboursement refuséieren bis déi onbenotzte Wueren uerdnungsgeméiss zeréck ukomm sinn, oder de Client bewisen huet, dass d'Wueren hréckgeschéckt goufen. Dofir, muss d'Deadline, déi am Réckzuchsrecht ernimmt ass, agehale ginn.
  • En Empfang, dee refuséiert gëtt wann de Client de Pak vun enger Liwwerfirma wéi DHL, UPS, DPD, Hermes oder der gläichen geliwwert kritt, léist kee Recht op Réckzuch aus. E Réckzuch gëtt nëmmen akzeptéiert, wann dësen uerdnungsgeméiss matgedeelt gëtt an op d’Adress vun Numis SARL-S zeréck geschéckt gouf.

§ 10 Dateschutz

  • Déi perséinlech Donnéeën, déi vum Client ugi ginn, gi vun Numis SARL-S an der Regel benotzt fir d'Ausféierung vu Kontrakter tëscht Numis SARL-S an dem Client déi duerch d'Liwwerung vu Wueren entstinn an am Aklang mat de Bestëmmunge vun der momentaner Gesetzgebung iwwer den Dateschutz sinn. Di neidesch Informatiounen dozou kritt de Client an den Dateschutzerklärungen.
  • Fir all Fro am Zesummenhang mam Schutz vun de perséinlechen Donnéeën an der Notzung vu Cookien um Site, invitéiert Numis SARL-S de Client d'Dateschutzpolitik an d'Cookie-Politik op der entspriechender Säit um Site ze konsultéieren.

§ 11 Lescht Dispositiounen

  • De lieu de juridiction fir all Litigen tëscht dem Client an Numis SARL-S ass Lëtzebuerg.
  • All Ofwäichung vun dësen allgemenge Verkafskonditioune muss schrëftlech gemaach ginn. Dëst gëllt och fir Ännerunge vun dëse Geschäftskonditiounen.
  • Wann een oder méi Bestëmmunge vun dësen allgemenge Konditioune geännert goufen, bleift d'Validitéit vun de verbleiwenden allgemenge Konditioune bestoen.

§ 12 Informatiounen iwwert eng Online-Sträitbäileeung

  • D'Europäesch Kommissioun stellt eng Platforme de règlement en ligne des litiges (OS) Mir si bereet un enger aussergeriichtlecher Conciliatiounsprozedur deelzehuelen.

 

Mise à jour: Abrëll 2023