Réckzuchsrecht

  • De Client hutt d'Recht sech ouni Grënn bannent véierzéng Deeg aus dem Kontrakt zeréck ze zéien.
  • D'Réckzuchsrecht ass véierzéng Deeg gülteg, vun deem Datum un op deem de Client oder eng vun him designéierten Drëtt Partei, deen net den Transporteur ass, d’ Wueren a Besëtz geholl huet.
  • Fir d’Réckzuchsrecht auszeüben, musst de Client Numis SARL-S kontaktéieren (Numis SARL-S 7, Am Bongert, L-7453 Lintgen Luxembourg, E-Mail team@numulis-lu) mat enger kloerer Erklärung (z.B. e Bréif per Post oder E-Mail) vun der Decisioun. Fir dass d’Réckzuchsrecht gülteg ass, ass et néidesch datt de Client seng Entscheedung matdeelt, ier d’Frist vu véierzéng Deeg ofgelaf ass.
  • D’ Retour-Versandkäschten ginn integral vum Client gedroen.
  • Am Fall vun engem Réckzuch muss Numis SARL-S dem Client all Bezuelungen rembourséieren, déi an Zesummenhang mat dem betraffene Kaf stinn, inklusiv Liwwerkäschten, ouni Verspéidung a spéitstens bannent 14 Deeg vum Dag op deem d'Kommunikatioun vum Réckzuch un Numis SARL-S geschéckt gouf. Fir de Remboursement benotzt Numis SARL-S déi selwecht Bezuelmëttel, wéi déi, déi vum Client fir déi initial Transaktioun benotzt gouf, ausser et ass ausdrécklech anescht ausgemaach. Ënner kengen Ëmstänn wäert de Client wéinst dem Retour Käschte verrechent kréien.
  • Numis SARL-S kann de Remboursement refuséieren bis déi onbenotzte Wueren uerdnungsgeméiss zeréck ukomm sinn, oder de Client bewisen huet, dass d'Wueren hréckgeschéckt goufen. Dofir, muss d'Deadline, déi am Réckzuchsrecht ernimmt ass, agehale ginn.
  • En Empfang, dee refuséiert gëtt wann de Client de Pak vun enger Liwwerfirma wéi DHL, UPS, DPD, Hermes oder der gläichen geliwwert kritt, léist kee Recht op Réckzuch aus. E Réckzuch gëtt nëmmen akzeptéiert, wann dësen uerdnungsgeméiss matgedeelt gëtt an op d’Adress vun Numis SARL-S zeréck geschéckt gouf.