Géi bei d'Produktinformatioun
1 vun 5

NUMULIS - Autonom lesen

LiesABox - Skirli total wuselig

LiesABox - Skirli total wuselig

Liesen - Spillen - Entdecken

Wat ass eng LiesABox?

D'LiesA Box verbënnt Liesen, Léieren a Spillen a mécht d'Lieszäit an der Schoul zu engem ofwiesslungsräichen Erliefnis.

Eng Geschicht, déi op dräi verschiddene Liesstufen ugebuede gëtt, a vill Méiglechkeete fir ze differenzéieren: Mat ugepasste Liestexter, flotte Spillmaterialien an digitalen Aktivitéite kann all Kand op sengem eegene Liesniveau gefërdert ginn.

Dat Besonnescht un der LiesA Box: Déi gedréckte Materialien an déi digital LiesA App ergänze sech. Esou kënnen d'Kanner zesummen an déi selwecht Geschichtewelt andauchen an dobäi op ënnerschiddleche Liesniveauen schaffen.

Du entscheets, wat s du brauchs: déi komplett LiesA Box, just dat gedréckte Lies- a Spillmaterial oder nëmmen déi digital Lieszäit.

D'Materialie sinn a verschiddene Sproochen verfügbar an eegne sech dofir besonnesch gutt fir méisproocheg Klassen – passend zum Usaz vun ALPHA – zesumme wuessen.

Eng Geschicht · Dräi Liesstufen zur Auswiel · Méisproocheg · Praktesch fir de Schoulalldag

Gedréckt an denger Box

Déi gedréckte LiesA Box enthält alles, wat s du fir ofwiesslungsräich Lies- a Spillaktivitéite mat de Kanner brauchs:

  • HanneVir-Heft(en): Liesen, Rätselen a Spillen an engem besonneschen Heftformat mat integréiertem Spillplang.
  • Passend Spillfiguren: Léif gestalt Figuren, déi d'Geschichtewelt lieweg maachen.
  • Kaartespiller: Spilleresch Übunge fir d'Liesen ze trainéieren, ze widderhuelen an ze festegen.

Jee no Liesstuf: Bei „Liesufänger“ a „Jonk Lieser“ kriss du jeeweils en däitscht an e franséischt HanneVir-Heft. Bei „Spaass um Liesen“ ass een zweesproochegt Heft dobäi.

Déi gedréckte Materialie sinn an der Komplett-Box an an der Material-Box enthalen.

Digital an denger Lieszäit

Mat der digitaler Lieszäit an der LiesA App kriss du vill weider Méiglechkeete fir en ofwiesslungsräichen an differenzéierte Liesunterrecht.

Fir den Unterrecht:

  • E-Books a Liestexter a verschiddene Varianten
  • Villfälteg Lies- a Spillmaterialie fir auszedrécken
  • Domino, Memory, Quiz a weider ofwiesslungsräich Aktivitéiten
  • Iddie fir déi gemeinsam an déi selbststänneg Lieszäit

Fir d'Kanner:
An hirem eegene Kannerberäich entdecken si d'Geschichtewelt mat interaktive Spiller a spilleresche Liesübungen. Esou kënne si d'Liesen och digital üben a festegen.

Den digitalen Zougang ëmfaasst déi ausgewielte Geschicht op der gewielter Liesstuf, inklusiv den dozougehéierege Kannerspiller.

Déi digital Lieszäit ass an der Komplett-Box an an der Variant „Digital Lieszäit“ enthalen. D'Fräischaltung geschitt bannent 1–2 Schaffdeeg.

Normale Präis €118,00
Normale Präis Verkafspräis €118,00
Reduzéiert Ausverkaaft
TVA abegraff. D'Verschécken gëtt beim Checkout berechent

Mam Skirli gëtt d'Liesen zu engem Abenteuer!

Begleet dat liewegt Kaweechelchen Skirli a seng faarweg Geschichtewelt! Mat ofwiesslungsräiche Liesaktivitéiten, spillereschen Aufgaben a spannende Geschichten entdecken d'Kanner d'Freed um Liesen a kréien ëmmer nees Loscht, eppes Neies auszeprobéieren.

Ideal fir:

  • Kanner vum Cycle 2 bis Cycle 4

  • Schoul, Fërderunterrecht a Léierbegleedung

  • Méisproocheg Gruppen a Gruppen, an deenen op ënnerschiddleche Liesniveauen geschafft gëtt

Wiel déi passend Liesstuf an entscheet dech fir déi komplett Box, just dat gedréckte Material oder déi digital Lieszäit.



All Detailer uweisen

Kritt all d'Liesmaterial vun NUMULIS hei.

Alles op ee Bléck, alles op enger Plaz

Mam All-in Abonnement kris du direkten an onlimitéierten Zougang zu all aktuellen a zukünftege Lieszäiten – Du muss net méi sichen, vergläichen oder nei plangen:

Alles ass do – strukturéiert, méisproocheg a bewährt.

Elo kafen